Events Projet'en

„Bau deng Zukunftsstad“ an 24 Stonnen – TecLab Marathon

b-neustadt-2050-180418

Nom Motto „Bau deng Zukunftsstad“ fënnt vum 18. bis den 19. Mee 2018 zu Helzen (Hachiville) am Jugendhaus den TecLab Marathon statt. 24 Stonnen hues du Zäit fir alleng oder mat denge Kollegen een Deel vun der Stad ze bauen, also looss denger Kreativitéit, denger Visioun an dengen Idiien fräien laaf.

Um Schluss vum Weekend, also Samschdeg, den 19. Mee um 16.00Auer gett dann déi ganz Zukunftsstad den Inviteën vun der offizieller Awéiung vum TecLab virgestallt an getest op et funktionnéiert.

Am Resumé; Freides geht et un, dann gett zesummen mat den Experten aus dem Beräich Informatik, Elektrotechnik an der Energieberodung geplangt an gebaut, wat am beschten an der Zukunft ukennt. Profitéier vun hierem Kënnen fir deng Idii ze bauen, egal op Wand- , Waasser- oder Sonnenenergie, du bass ganz frei wéi däin Haus an deng Stad duerno ausgesinn an funktionnéieren soll.

Jo gutt gelies, och Samschdes ass zum Ofschloss déi offiziel Präsentatioun Projet. Niewt dem Iessen a Gedrénk sinn baussen och flott Animatiouns- an Technikworkshoppen fir deng ganz Famill.

Also verpass et net! Mell dech nach lo un beim Guy: guy.mack@elisabeth.lu  oder um Handy per SMS oder Telefon 621 701 976 oder am Büro um 99 80 18

 

TecLab_marathon_p1 TecLab_marathon_p2