däin Jugendtreff

Den regionalen Jugendtreff Norden ass am Kanton Klief verdeelt. 3 Infrastrukturen zu Ëlwen, Klierf an zu Helzen stinn den Jonken bereet. Säit Ouschteren 2018 ass den Jugendtreff Norden och zu Housen tëschent dem Camping an dem Fussballterrain präsent. De „YouthVillage“  ass do opgebaut ginn wou Regelméisseg Aktivitéiten am Outdooradventure-Beräich ugebueden ginn. Den Jugendtreff Norden kann vun all Jonken tëschent 12 an 26 Joer besicht ginn, an kascht och näischt.

Mat engem ganz flotten an dynameschen Konzept, kennen déi Jugendlech vun enger ganzer Réi Materialien profitéieren fir domat ze schaffen an Erfahrungen ze sammelen. Iwwer Proufsall, Multimedia, Film a Foto, Kino, Sport an Spaass bis hin zu dem präparéieren op Beruffswelt ass fir all Jonken eppes dobäi.

En plus hutt den Jugendtreff Norden säin Jugendbus  mat dem sinn mir dann och ponktuell an der Saison op verschiddene Statiounen, wéi zum Beispill zu Wäisswampech um See, op enger Nuit du Sport oder soss Event präsent… Méi Informatiounen fënns du an der Rubrik Jugendbus .

Zéckt net, an kommt nach haut bis eran, kuck dir den Jugendtreff un,  gëff Member an profitéier vun enger Réi Virdeeler.

Wat ass eng Memberskaart? Firwat brauch ech déi?

Ganz einfach. D’Memberskaart gëtt dir d’Erlaabnis, den Jugendtreff Norden ze besichen, an un den Aktivitéiten deel ze huelen. Des Kaart kriss du GRATIS, an kanns déi am Jugendtreff Norden maachen loossen. D’Memberskaart ass jeeweils 1 Joer gülteg, an gëtt dono rëm op Wonsch einfach verlängert.

Natierlech ginn et och nach e puer Regelen an den Haiser, déi sinn awer zu Ëlwen, Klierf oder Helzen alleguerten d’selwecht. Déi Regelen baséieren sech op d’Wäerter vun der Kommunikatioun, dem Respekt, der Toleranz, der Éierlechkeet an dem Vertrauen an sollen ee flott an soziaalt Zesummeliewen am Jugendtreff garantéieren.

 

offer_jsic

 

Bei weideren Froen, zéck net, an kontaktéier däin Jugendtreff Norden.

Déi ganz Equipe ass frou, dech zu Ëlwen oder zu Klierf begréissen ze kënnen.