D’Regelen

Natierlech ginn et och nach e puer Regelen an den Haiser, déi sinn awer zu Ëlwen, Klierf oder Helzen alleguerten d’selwecht. Déi Regelen baséieren sech op d’Wäerter vun der Kommunikatioun, dem Respekt, der Toleranz, der Éierlechkeet an dem Vertrauen an sollen ee flott an soziaalt Zesummeliewen am Jugendtreff garantéieren.

  • Um Terrain vum Jugendtreff Norden gëtt net gefëmmt an keen Alkohol gedronk.
  • D’Raimlechkeeten vum Jugendtreff Norden ginn esou verlooss, ewéi se opfonnt ginn sinn.
  • d’Kollegen an d’Material ginn am Jugendtreff Norden respektéiert.
  • All Aart vun Gewalt ass am Jugendtreff Norden net toleréiert.
  • Entscheedungen, déi vum Personal geholl ginn, sollen respektéiert ginn.
  • Klauen ass strengstens verbueden.

Bei weideren Froen, zéck net, an kontaktéier däin Jugendtreff Norden.

Déi ganz Equipe ass frou, dech zu Ëlwen, Klierf oder am Jugendbus begréissen ze kënnen. 


 

Downloads: