Ëlwen

JSIC_logo_new_2018_ElwenDen Jugendtreff zu Ëlwen ass den Haaptsëtz vum Jugendtreff Norden.

D’Haus zu Ëlwen ass direkt op der Gare, nieft dem Kinokomplex „Orion“. Op net manner wéi 3. Etagen, stinn den Jonken Raimlechkeeten zur Verfügung, fir hier Erwaardungen z’erfëllen.

Rez-de-Chaussée :

  1. den Büro vum Chargé de Direction
  2. „de Reider“ – eng Informatiounswand mat allerlee aktuellen Themen an Projeten.
  3. „d’Stuff“ – ee Gemeinschaftsraum, an dem déi Jonk sech zesummen austauschen sollen, an zousätzlech d’Méiglechkeet hunn, Gedrénks an Iessen ze kréien.

1. Etage:

  1. JugendInfo – wou en Réi un Informatikméiglechkeeten den Jonken zur Verfügung steet, fir Recherchen ze maachen oder fir d’Schoul ze schaffen. Desweideren ginn do regelméisseg Formatiounen an Weiderbildungen ofgehalen.

2. Etage :

  1. d’Kichen – eng komplett equippéiert Kichen fir gemeinsam Kach- oder Baakaktivitéiten ze realiséieren.
  2. En Iessraum mat Fernsehstiffchen, an dem déi Jonk kennen hier Kach- oder Baakaktivitéiten gemeinsam genéissen.
  3. „Media Box“ – ee ofgedeeltenen Büro fir un Filmer ze schneider oder Fotoen um iMac ze beaarbechten, hei ass denger Kreativitéit keng Grenz gesat. Eng komplett professionell Indoor an Outdoor Filmausrüstung ass do, fir déi beschten Momenter opzehuelen, an flott Projeten ze realiséieren.
  4. de Kino – hei ass een Kinoraum, an dem Projeten kennen Revue-passéieren gelooss ginn, Fotopresentatiounen oder Filmer gekuckt ginn. Mam 3D-Projekter ass et ee Genoss, iwwert eng 3x4m-Leinwand Playstation/Xbox ze spillen.

3. Etage :

  1. de „Proufsall“ –  mam Label „Proufsall“ hunn hei Museker an Dänzer all Méiglechkeet, hier eegen CD, Band, oder Album opzehuelen. Och als Danzgrupp, oder Dänzer(in) kanns du am Proufsall deng Koreografie üben an deng grouss Optrëtter plangen.

 

Den Jugendtreff zu Ëlwen ass och Rollstullfuererfrëndlech mat engem Lift equippéiert, sou dass jiddereen Wëllkomm geheescht kann ginn.


hei sinn d’Öffnungszäiten fir Ëlwen:

  • Méindeg              ——-zou——
  • Denschdeg         14.00-19.00 Auer
  • Mettwoch           14.00-19.00 Auer
  • Donneschdeg    14.00-19.00 Auer
  • Freideg               14.00-20.00 Auer
  • Samschdeg        14.00-19.00 Auer

Educatrice :
Corinne Lentzen
Handy: 621 70 19 76

Adresse:
Jugendtreff Norden
24, rue de la gare
L-9906 Troisvierges

Directioun:
Chargé de direction:
Strecker Daniel
E-mail: daniel.strecker@elisabeth.lu
E-mail: direction.jsic@elisabeth.lu
Handy: (+352) 621 70 19 76
Tél: (+352) 99 80 18