Formatiounen Jugendinfolabel

Umellen fir d’Formatioun Animateur Brevet A

Déi nächst Formatioun ass:

1) Weekend 28+29/09/2019
2) Weekend 05+06/10/2019

Umeldungen via www.jeunesse.elisabeth.lu

Firwat dës Formatioun maachen?

Wärend 2 Weekender preparéiere mir dech op d’Aufgaben an d’Responsabilitéite vun engem Animateur a ginn dir e gutt gefëllte Rucksak mat, mat deem s du flott Aktivitéiten a Projete fir a mat  Kanner ëmsetze kanns.

En uschléissende Stage vun 20h, deen een an enger Maison Relais oder engem Jugendhaus maache kann, erméiglecht dir dat neit Wëssen, déi nei Techniken sou  wéi d’Methode mat Kanner a Jugendlecher auszeprobéieren. Hei méchs du wäertvoll Erfarungen a punkto Kannerbetreiung a mierks, wat gutt funktionéiert an u wéi enge Methoden an  Aktivitéiten s du nach feile muss.

 

Zilgrupp

D’Formatioun fir den Animateur Brevet A riicht sech un all Jonken, deen oder dat zum Zäitpunkt vun der Formatioun 15 Joer huet. Un de Brevet A uschléissend kann een d’Formatioun fir den  Animateur Brevet B maachen.

 

Oflaf

Déi éischt zwee Deeler vun der Formatioun bestinn aus jeeweils engem Basisweekend. Béid Weekender beinhalten eng Iwwernuechtung, Iessen a Gedrénks an enger Jugendherberg  an erfuerderen 100% Präsenz an aktiivt Matschaffe vum Jonken. Dofir bidde mir dir eng interaktiv a spannend Formatioun, mat villen Aktivitéiten a Workshops baussen an der
Natur, eng gutt Stëmmung an Teamgeescht!
Den drëtten Deel besteet aus engem Stage vun 20 Stonnen an enger Maison Relais oder engem Jugendhaus.
Formateuren & Formatricen
D’Equipe vun dynameschen Formateuren besteet aus ausgebiltem
Personal, déi alleguer am elisabeth – Kanner- a Jugendberäich schaffen.
Si weisen eng jorelaang Erfarung an der  Kannerbetreiung op, déi et
hinnen erméiglecht dir dat néidegt Wëssen an Know-how op eng kompetent
Aart a Weis ze vermëttelen.

 

Wat brauch s du fir d’Basisweekender?

  • Dem Wieder ugepasste Kleedung
  • Eng Täscheluucht mat Ersatzbatterien
  • Fest an zoue Schong
  • Eng Waasserfläsch
  • Deng Carte d’Identité
  • Deng Kaart vun der Caisse de Maladie
  • An virun allem vill Loscht an eng gutt Laun

 

Stageplazen