gudd ze wëssen... Jugendinfolabel

Artikel Konsumentenschutz – „VEMMA“

vemma_artikel_konsumentenschutz

Allgemeng Informatioun fir d’Jugendlech : „VEMMA“. Vemma ass eng amerikanesch Entreprise, déi säit ongeféier engem Joer och hei zu Lëtzebuerg versicht Jugendlecher ze fannen, déi engersäits hir Energiedrinks verkafen, anerersäits nei Leit rekrutéieren, déi ebenfalls hir Produiten verkafen. Gelackelt ginn déi Jugendlech mat dem Verspriechen vill Geld ze verdéngen oder souguer ee BMW als Belounung ze kréien. Allgemeng muss een drop hiweisen, dat ganz vill Mannerjäreger dorop ugesprach ginn, wat awer illegal ass, well Jugendlecher ënner 18 Joer nach net geschäftsfäheg sinn. Wann dir weider Informatiounen wëllt, kënnt dir iech gären den Artikel aus dem Konsument ukucken, deen iech nach méi explizit iwwert dës Method opkläert. Den Debat kann gäeren mat eis am Jugendtreff Norden (Klierf oder Elwen) gefouert ginn.

hannerlos ee Kommentar