Ausflich

London’18 mam Jugendhaus!

london_1

vum 27 bis den 31. August sinn déi Jugendlech mam hieren Eductricen op eng Visite op London. Um Programm stinn ënnert aneren de Wembley-Stadion, Madame Tussauds, an vill aner flott Sehenswürdegkeete. E Mëttegiessen am HardRock-Café London dierf natierlech net fehlen.

Säit ufank dem Joer 2018 hunn déi Jonk regelméisseg Versammlungen organiséiert fir hier Reess op London ze plangen. Elo ass et dann souwäit, sie sinn gutt ukomm an hunn sech an hierer Wunneng ageliewt.

Komm och an de Jugendtreff an realiséier deng Iddien an Projeten sou wéis du dir et virstells oder treff dech einfach mat dengen Kollegen an verbreng e coolen Nomëtteg bei eis.

D’Equipe aus dem Jugendtreff Norden

london_1 London_FH London_ontheroad