Events gudd ze wëssen...

Parc Housen – Jugendbus Awéihung, sierf dobäi!

jugendbusaweihung

Hey:)

een Samschdeg, den 9. Juli geht am Parc Hosen de Jugendbus offiziell agewéiht. Mir sinn froh, dech mat dengen Kollegen an Famill ab 14.00 Auer am Parc beim Centre Ecologique begréissen ze kennen.

Mir bidden dir puer flott Aktivitéiten vun 14.00 – 17.00 Auer un.

Ab 17 Auer gett de Bus dann agewéiht, zesummen mat den Vertrieder vun der Direktioun vun elisabeth, der Equipe vum Jugentreff Norden an den Responsabelen vun den Gemengen empfänken mir eis Gäscht.

Niewend dem Jugendbus gett dann nach eng weider Festlechkeet geféiert, dei éischt MOBIL FAIR TRADE Zone gett virgestallt. De Jugendtreff Norden ass eng offiziell Fair Trade Zone, mat Produkten vun Fair Trade Lëtzebuerg ginn dei Jonk am Alldag servéiert. D’Jugendhaus ennerstëtzt dei lokal Geschäftsleit an keeft regional Produkter bei den Entreprisen aus der Regioun.

Mir géiffen eis freeën, dech, deng Kollegen an deng Famill ee Samschdeg zu Housen am Parc kennen ze begréissen.

 

Bis geschwënn,

Jugendtreff Norden