Events gudd ze wëssen... Projet'en

Pimp-Up zu Klierf am Jugendhaus – cool

20543836_1702350916738227_3780623389517487439_o

An de leschten Deeg ass ganz vill zu Clierf am Jugendhaus geschafft an d’Stuff komplett nei ugestrach ginn 💪🎨💪

Ee grousse Merci deene Jongen, déi esou vill gehollef hunn 

Och waren mir ganz frou, dat d’APEMH äis ee Nomëtteg ënnerstetzen kommen ass.

D’Maueren sinn am Moment nach relativ eidel dofir steet och schonn de nächste Projet virun der Dir : 2 grouss Panneau’en mat Graffiti 🤗

Rendez-vous fir de Graffiti-Workshop ass den 12.,13. an 14. September zu Clierf am Jugendhaus, dëst ëmmer vun 15:00 bis 18:00 Auer.

Dëse Projet gëtt realiséiert an Zesummenaarbecht mam Daniel Mac LLOYD 👍😊

Umeldung an dengem Jugendhaus oder iwwer de Kontaktformular