Ausflich Events gudd ze wëssen... Projet'en

Programm am Mee – d’ass vill lass:)

mai

programm_,mai2017

13/05/2017:

Fairtrade-Grillnomëtteg zu HOUSEN
Am Kader vun der Aktioun „Lëtz´ Step to Fairtrade“ organiséiert de Jugendtreff Norden ee Fairtrade-Grillnomëtteg mat flotter Musik an Spiller fir Grouss a Kleng. Dës Manifestatioun ass Samschdes, den 13. Mee vu 14:00 bis 18:00 Auer zu Housen beim Jugendbus, der mobiller Fairtrade-Zone vum Jugendtreff Norden. (Standort vum Bus: hannert dem Camping) Dësem Nomëtteg bidd Eech och d’Meiglechkeet, regional a fair gehandelte Produit´en ze schmaachen, dëst a Form vun engem gudde Cocktail aus der Fairtrade-Juice-Bar oder engem Uebstspiiss aus bekannte Fairtradeprodukter. Géint de groussen Honger gëtt et eppes Guddes vum Grill, natierlech och hei vum Metzler aus der Regioun.
Um Site www.jsic.lu fannt dir weider Informatiounen zu dësem Nomëtteg. Bei Froe kënnt dir äis och gären ënnert de Nummeren 99 80 18 oder 621 50 50 81 kontaktéieren.

**Oppassen: De Floumaart fennt NET statt**