Multimédia Projet'en

Wäiss Wouerecht – Filmprojet vum Jugendtreff Norden

waisswouerecht1

An der Fuesvakanz 2018 ass een éischten Deel vun engem Drogenpräventiounsfilm gedréint ginn. Eppes méi ewéi 15 Jugendlecher, Akteuren, Make-Up, Kamera- an Tounleit hunn sech zesummengedoen, fir een Film ze dréinen. No der Regie vum Fränz Dormans (16) ass alles no Plang gelaf. Wann alles fäerdeg verfilmt ass, wäert am Hierscht de Film dem Public präsentéiert ginn.

Mir soen der Equipe vum RTL Journal villmools Merci fir dee flotte Reportage vum 15.02.2018 iwwert de Filmprojet vun eisem Jugendhaus am Klierfer Kanton.Luusst bis eran (ab der 8. Minute am RTL Journal) op: tele.rtl.lu/emissiounen/de-journal/3116007.html

oder op der Facebooksäit vum Jugendtreff Norden.