Events

*WoOoW* Zukunftsstadt – TechnikMarathon

TecLabmarathon_JugendtreffNorden002

Bau deng Zukunftsstadt huet et geheescht; vum 18 bis den 19 Mee war zu Helzen am Jugendhaus den TecLab Marathon. Déi Jonk haten 24 Stonnen Zäit hier Ideen an Techniken auszetauschen an soumat hier Visioun ze bauen.

Mega Konschtwierker, erneierbar Energiequellen, Kreeslafwirtschaft an virum allem d’Liewensqualitéit ass bei der Zukunftsstadt dobäi erauskommen.

6 Jonken hunn vun Freidesowes bis Samsdesnomettes zesummen gebaut, Ideen gedeelt an zesummengeschafft. Mam Jerry a Björn waren och zwee Experten do, déi denen Jonken am Beräicht Nohaltegkeet, Ökologie an Elektrotechnik zur Säit stungen.