Mir bidden dir eng interessant an interaktiv Formatioun un. Du gëss alles zum Thema Babysitter gewuer. Keng laang Theorie, mee en aktiivt Matschaffe steet hei op éischter Plaz.
D’Formatioun ass op lëtzebuergesch.
9. November 2019
9.00 – 18.00 Auer
Am Jugendhaus zu Clierf
11a, Klatzewee
L-9714 Clervaux
Fir Memberen vun engem elisabeth-Jugendhaus kascht d’Formatioun 10€.
Fir Net-Memberen kascht d’Formatioun 25€.
Jugendhaiser vun elisabeth:
Jugendtreff Norden: Jugendhaus zu Ëlwen, Clierf, Helzen, Housen a Wäisswampech
OPGEPASST! Wann s du op „Book“ klicks, ass automatesch de Präis fir Net-Memberen ausgewielt. Du kanns deen awer am Umellungs-Formular uewen änneren, andeems du op de Feil nieft „Net-Member“ klicks an „Member“ auswiels.
Du bass interesséiert, motivéiert a kanns Täschegeld gebrauchen?
Dann mell dech bis spéitstens den 2. November u.
No dëser Formatioun bass du en zertifizéierten Babysitter a kriss e Profil op Babysitting.lu wouriwwer een dech als Babysitter buche kann.