Jobcoaching-Nomëtten zu Wëntger (am Centre Culturel)
Donneschdes, den 30. Juni 2016 ab 14:00 Auer
Fir Jonker zwëschen 15 an 26 Joer (Elteren sinn awer och ëmmer wëllkomm)
Folgend Atelier’en ginn ugebueden : UMELDUNG HEI
- Curriculum Vitae a Lettre de motivation schreiwen
Gilles Schmitz, Action Locale pour Jeunes Wolz - Virstellungsgespréich üben
Daniel Strecker, Chargé de direction am Jugendtreff Norden - Online-Bewerbung a Sécherung vun dengen Daten
Judith Swietlik-Simon, Coordinatrice vun Bee Secure - Virstellen vun Youth4Work
Ariane Toepfer, Coach a Gérante vun Youth4Work - Bewerbungsfotoe maachen a Scannen vun denge perséinlechen Dokumenter
Bob Christen, Responsable vum Multimediaberäich am Jugendtreff Norden - Ofschléissend kriss du een USB-Stick an eng Bewerbungsmapp mat denge perséinlechen Dokumenter.
fir D’ELTEREN: UMELDUNG héi
Méi liicht un d’Ziel. Gespréich wéi Elteren hir Jugendlech bei der Berufswahl an der Sich no engem Patron kënne begleeden.
Wann déi Jonk ee Beruf siche sollen, sin sie oft iwwerfuerdert. Et gëtt entweder onendlech Méiglegkeeten oder nëmmen begrenzter. D’Onsécherheet, déi um gesellschaftleeche Plang besteet, bréngt zousätzleche Stress. Elteren kënnen eng wichteg Roll bei der Liewensplanung vun hiren Teennien anhuelen. Wéi kënnen sie hinnen ënnert d’Ärm gräifen? Waat gëtt et fir Méiglegkeeten am Labyrinth vun der Vielfalt? Wéi kënnen Elteren hiirt Kand bei dësse wichtegen Entscheedungen ënnerstëtzen?
Umellen kanns du dech bis de 25. Juni 2016 op www.jsic.lu,
ënnert der Nummer 99 80 18 oder an dengem Jugendtreff zu Ëlwen oder Clierf.