De Jugendtreff Norden fiert den 12. Dezember an d’Phantasialand. Ennert dem Motto „Winterwonderland“ sinn do spezifesch Attraktiounen ganz verzaubert ginn, an eng flott Gelegenheet, den Freizäitpark zu Brühl emol ahneschters z’erliewen.
Informatiounen:
- Wou: Phantasialand Brühl
- Wéini: 12. Dezember 2015
- Auerzäit: 11.00 – 18.00 Auer
- Rendez-vous fir den Jugendbus/Camionette:
- Housen – Gemeng : 8.45 Auer
- Ëlwen -Jugendhaus : 9.15 Auer
- Klierf – Jugendhaus : 9.00 Auer
- Wëntger – Schoul : 8.30 Auer
- Retour Brühl : 18.15 Auer
- Alter : 12 – 26
- Maximal Unzuel vun Jonken : onbegrenzt
- Präis : 30€ Member / 45€ net Member (geff elo nach Member!)
Mell dech elo haut nach un:
- via Kontaktformular
- Telefon : 99 80 18
- via e-Mail direction.jsic@elisabeth.lu
- oder sprang bis ran, Ëlwen oder Kliert ass fir dech op !